Semiray Ahmedova, nei Gemengeconseillère zu Diddeleng

Publié le

D’Semiray stellt sech vir

Zu Sofia a Bulgarien gouf ech 1981 gebuer, awer ech hu scho meng Primärschoul zu Diddeleng gemaach, wou meng Elteren sech niddergelooss hunn.

Ech wollt scho vum klengem un Architektin ginn. Als Kand hunn ech et faszinant fonnt, datt aus enger Zeechnung an enger Iddi herno eng ganz Stad entsteet. Meng Liblingsspillsaache ware Bagger, Camionen a mäi Lego.

No mengem Lycéesofschloss hunn ech zu Bréissel Architektur studéiert. Ech hu mech dunn interesséiert fir Beräicher, déi komplementar dozou waren a Spezialisatioune gemaach an Urbanismus a Landesplanung. Ech fannen et erfëllent, eppes fir d’Leit a fir eis Gesellschaft op de Wee kënnen ze bréngen. Ech hunn nach ëmmer eng utopesch Visioun vun enger glécklecher Gesellschaft, wou de Mënsch an d’Natur am Mëttelpunkt stinn.

No mengem Studium hunn ech mech hei zu Lëtzebuerg weider spezialiséiert an den erneierbaren Energien an am nohaltege Bauen. Als Beroderin konnt ech dunn d‘Leit iwwerzeegen an opfuerdere méi ressourcëschounend ze bauen a méi respektvoll mat Energie ëmzegoen.

Iert ech mäi Mandat als Deputéiert ugeholl hunn, war ech am Ministère fir nohalteg Entwécklung a Landesplanung täteg. Ech hunn do u Projete geschafft fir Ekoquartieren, fir Synergien tëschent Gemengen a fir qualitativ Wunnkonzepter (PAPen).

Gemeinschaftsgäert, urban gardening, urban farming a Solawi si sozial Projeten, déi mer och um Häerz leien, well se et erlaben, lokal a saisonal ze produzéieren an ze konsuméieren. Dat ass e wichteg fir eis Wirtschaft an eis Gesondheet.

Fir meng beid Mandater an der Chamber an am Gemengerot bréngen ech meng Liewenserfarung a meng diversifiéiert Beruffserfarung mat.

Mäi virwëtzegen an dynamesche Charakter mécht, datt ech mech fir d’Leit interesséieren, hir Gewunneschten, Kulturen, Liewensaarten an dat motivéiert mech och, fir mech politesch ze engagéieren. Ech wëll gär de Bierger*inne méi eng gerecht an inklusiv Politik ubidden.

Als Politikerin wëll ech e gutt Beispill sinn an d’Leit encouragéieren sech ze engagéieren, fir datt mer zesumme kënnen eis Welt besser maachen.

3 Froen un d’Semiray

Wat sinn deng Erwaardungen un däin neit Mandat?

D’Mandat als Gemengeréitin hunn ech mat vill Freed, mee net ouni Bedenken ugeholl. Ech sinn Nofollgerin vu Leit, déi Villes beweegt hunn, ënnert anerem d‘Romaine Goergen an och de Roger Garcia. Ech hoffen de selwechten Elan zu hunn.

D’Gemengemandat ass eng Geleeënheet mech um lokalen Niveau anzesetzen, fir meng Stad, wou ech opgewuess sinn an déi ech a mäin Häerz geschloss hunn. Ech gesinn hei eng Geleeënheet fir d’Liewensqualitéit vun den Diddelenger Matbierger*inne duerch konkret Projeten ze verbesseren .

Fir mech ass et wichteg eise Jugendleche an alle Leit, déi hei wëlle liewen, ze erméiglechen sech kënnen eng wierdeg Wunneng ze kafen oder ze lounen.

Meng Erwaardung ass natierlech déi, aus de nächste Wale gestäerkt erauszegoen. En attendant, hoffen ech awer op eng gutt a fair Zesummenaarbecht aus der Oppositioun eraus.

Du bass an der Chamber Presidentin vun der Logementskommisioun. Wat misst um Gemengeniveau an och zu Diddeleng gemaach gi fir eis Logementskrise ze léisen? 

Mir hunn haut eng Logementskris, déi mer bis elo sou net kannt hunn. Net nëmmen Diddeleng, mee all Gemeng muss zesumme mat der Regierung méi ëffentlech an abordabel Wunnengen bauen. Den neie Pacte Logement 2.0 wäert dës Zesummenaarbecht ënnerstëtzen.

D’Baulücke solle mobiliséiert ginn an nei Wunnforme wéi z.B. modulabel Haiser oder „tiny houses“ erméiglecht ginn.

Méi abordabel Wunnenge wäert de Projet Neischmelz schafen, mee et däerf een och Wunngemeinschaften a participatiiv Wunnengen net vergiessen, déi zu enger besserer sozial-ökologescher Gesellschaft kënne bäidroen.

Wou gesäis du déi gréissten Challengen fir Diddeleng? 

Mir brauche méi lieweg Quartieren, mat Bänken, Grillplazen, Ping-pongs-Dëscher, Pétangsplatzen, Parken, gréng Plazen a „coulées vertes“. Diddeleng soll méi gréng ginn. Gréngs brauche mir fir e bessere Mikroklima an ass wichteg, fir rëm méi Biodiversitéit an d'Stied ze kréien. Do kënnt och rëm d’Architektur an d’Spill fir gréng Diech, gréng Fassaden, gréng Balconen an Terrasse ze schafen.

Am urbanisteschem Konzept (bis elo!) huet de Foussgänger eng Nieweroll kritt a mir mussen eis selwer rëm an de Mëttelpunkt setzen. Grad a Corona-Zäiten hu mer gemierkt, wéi wichteg et ass sech kënnen dobaussen opzehalen. Mir mussen ophale Betonswüsten ze bauen. Eis ëffentlech Plaze sollen sou gestallt ginn, datt d’Leit sech kënnen trëffen an ophalen.

Fir eng Visioun vu flottem Zesummeliewen ass et wichteg, eng participatiiv an integratiiv Politik ze féieren, wou all Bierger*inne  kënne matschwätzen. Biergerbedeelegung ass en essentielle Punkt fir d’Stadentwécklung vun Diddeleng. Biergerbedeelegung soll awer och organiséiert gi fir z.B. Verkéierspolitik, Wunnengspolitik, Gemeinschaftsgäert… wëll wann een sech bedeelegt, ass een och en Deel vun der Léisung.

Ech wëll mech an dem Sënn och fir méi Integratioun a Gläichberechtegung asetzen. Gläich Rechter solle gëllen fir Fraen a Männer, fir all Generatiounen, all sozial Schichten a Qualifikatiounen, fir Persoune mat spezifesche Besoine a fir Mënsche mat verschiddene Reliounen a Kulturen.