Publié le
Déi gréng Diddeleng: Presse Communiqué
Direkt Zich tëschent Diddeleng!
Den 2. Mee war de Minister François Bausch zu Diddeleng fir eng Konferenz. Deen Dag gouf publik, datt Enn 2017 déi direkt Zich tëschent Diddeleng a Lëtzebuerg op 2 reduzéiert ginn.
Grënn fir dës Iwwergangsléisung, huet hien erkläert, sinn:
► déi allgemeng Verspéidung vun den Zich, déi op d’Iwwerlaaschtung vun der Streck
Beetebuerg- Stad an der Stater Gare zeréckzeféieren ass.
►an deene leschte 25 Joer gouf verpasst, d’Streck Beetebuerg-Stad 4- gleiseg ze maachen!
An der Iwwergangszäit sinn déi gréng Diddeleng dofir
► datt déi Direktzich zu Spëtzestonne bäibehale ginn,
► datt Diddeleng endlech eng direkt Buslinn an d’Stad kritt
► datt d‘Buslinn vu Beetebuerg laanscht d’Husky bis op Diddeleng verlängert gëtt.
► datt eng Navette op d’Näerzenger Guar agesat gëtt fir datt d’Reesender vum Véierelstonnentakt kënne profitéieren
Iwwert d’Zukunft Zuch-Tram-Bus-rout Luuchten-Barrièren-gewalteg Unterführungen etc.
Wa mär mëttelfristeg de Véierelsstonnentakt tëschent Diddeleng a Beetebuerg/Stad wëllen, da bedeit dat, datt all d’Eisebunnsiwwergäng zu Diddeleng verschwannen an z.B. duerch Unterführungen ersat musse ginn.
Déi verkéierstechnesch an urbanistesch Konsequenze wäre gewalteg a stousse bei ville Leit op Oflehnung. Op där anerer Säit ginn et vläicht aner Léisungen déi sech aus enger ëmgebauter Beetebuerger Guar erginn an déi dem Ëmsteigen a Plazproblem da misse Rechnung droen.
Och CFL ass an dësem Dossier gefrot fir Léisungsvirschléi ze proposéieren déi awer och d’Liewensqualitéit an eise Quartieren erhalen.
D’Bierger sollen an d’Decisioun mat agebonne ginn
Déi gréng fuerderen heimat de Schäfferot op esou schnell ewéi méiglech an engem participative Prozess zesumme mat den AwunnerInne vun Diddeleng déi bescht méiglech Léisung fir d’Zukunft vum Transport ze sichen. De Minister sot hie géing d’Meenung vun deenen Diddelenger respektéieren! Et sollt een déi Chance endlech notzen.
Déi gréng Diddeléng, 18.05. 2017

