Niddeschgaass-d'Duerf, mär wëllen hale wat mer hunn!

Publié le

D’Niddeschgaass mat Belag a (quasi) ouni Autoen ass dëse Covid Summer vun den Diddelenger super ugeholl ginn, huet zu engem méi positive Liewensgefill bäigedroen an ass zu enger Plaz ginn, wou ee gären ass, ob mat Kanner, mam Skateboard oder Vëlo, der Glace oder op enger Terrass. 

Den Hierscht

Wann een an d’Duerf geet, well et do sou flott ass,wann ee sech fräi a sécher beweege kann, da sollte mer probéieren dat an den Hierscht matzehuelen an esou gutt ewéi méiglech iwwert de Wanter ze kréien, fir am Fréijoer duerchzestarten. D'Geschäfter an d'Terrasse sollten ënnerstëtzt ginn d’Plaz an der Strooss ze notzen, och mat klenge Konstruktiounen déi géint Keelt a Wand schützen. 

Shopping 2.0 

Et geet en net an Diddeleng akafen, wat vill méi einfach an a grousser Auswiel am Shoppingzenter oder um Internet ze kréien ass! Mär sollten dat opgräife wat funktionéiert, an dat huet dëse Summer gewisen. Et geet een an d’Duerf fir Leit ze begéinen, eppes z‘iessen, ze drénken, bei de Coiffeur, fir déi eng oder aner Saach ze kafen. Nieft Liewensmëttel, sinn dat kleng Alldagssaachen, Héichwäerteges oder Originelles.

D’Duerf, e Liewensgefill, kee renge Shoppingzenter

D’Duerf ass net nëmmen en Zentrum fir Kommerz, et ass en ëffentleche Raum fir jidder Mënsch, deen ouni motoriséierte Verkéier, also och ouni Ofgasen an ouni Kaméidi däitlech opgewäert gëtt. Wann dobäi d’convivialitéit kënnt, da gëtt och kaft, gedronk, giess. Et gëtt also och wirtschaftlech Grënn d’Duerf als Erliefnis ze gesinn, an als dat fir eis all wieder z’entwéckelen.

Eng Foussgängerzon an der Niddeschgaass

Déi gréng si fir eng Foussgängerzon ouni ausgewise Parkplazen. Am Géigenzuch kënne verstäerkt gratis Parkstonnen am Parkhaus ugebuede ginn. An enger Foussgängerzon ka mueres ugeliwwert ginn an et gëtt och d’Méiglechkeet iwwer Polleren ze reegele wien wéini erafueren däerf.

D’Liewensgefill Duerf huet dëse Summer gutt funktionéiert - mär wëllen et halen!