Interpellatioun Méiweebecheren (08.07. 2019)

Publié le

Robert Garcia, Romy Goergen, déi gréng

08.07.2019

 

Häer Buergermeeschter, dir Dammen an dir Hären,

Ech wäert mech am Kader zu dëser Interpellatioun ganz kuerz faassen. Net well et scho spéit ass an d’Summerlach virun der Diir lauert. Mee well dat leidegt Thema vu Méiweebehälteren säit den Diskussiounen ronderem den Asaz oder Nët-Asaz vum Spullweenschen säit Jorzengten en Dauerbrenner am Gemengerot zu Diddeleng wuar an ass. Am Géijesaz zu anere Gemengen, wou dozou manner lang  geschwat a mei kuerzfristeg gehandelt gët.

Virun x Joren gouf de Spullweenchen als Alternativ zu der Notzung vu Wegwerfgeschirr agefouert. Et musse een zouginn, datt d’Notzung vum Spullweenschen opwändeg ass a vill Handuarbescht vun sëllechen bénévolen Handkesselcher erfuerdert. An een eegent sech allerdéngs och éischter fir kleng an iwwerschaubar Manifestatiounen.

Fir Groussveranstaltungen, wou den Asaz vu Porzeläin a Glas aus Sécherhetsgrënn problematesch ka sin, gouf virun bal 20 Joer d’Konzept vum quasi onendlech verwertbaren Cup-System konzipéiert. Déi Behältnisser aus héichwäertegem, huarden awer liichten, hygienesch einwandfräie Plastik wuaren am Ufank e bëssi onattraktiv. An der Tëschenzäit gin et se an alle Formater, vum Béierglaas bis zur Schampesskippchen, a mat allen Dekoratiounsoptiounen déi méiglech sin.

Natiirlech huet och de beschte Konzept net nëmme Viirdeler. Sou ass et fir wuaremt Gedrénks wéi Kaffi nach ëmmer net erwisen, ob net awer de Cartongsbecher déi besser Ökobilanz huet. Mee och do gin et stänneg nei Fortschrëtter.

Och bei net flëssegen a wuarmen Iesswueren musse en Ofstrécher machen. Kann ee bei Zaloten an aneren Imbisser nach mat Méiwee schaffen, sou gët et bei fettegem Gefréiss, wéi di beléifte Fritten, schons méi problematesch. Mee och do gin et méi emweltfrëndlech Léisungen wéi Eeweeplastik, mat liicht verwertbarem Material, dat och schons vu Muartstänn a Foodtrucks genotzt gët.

Problematesch ass natiirlech och d’Tatsach, datt zumindest bei groussen Quantitéiten déi gebrauchte Becheren a Gliéser an eng professionnell Waschanlag geféiert musse gin. Bei klenge Quantitéiten mécht et och eng professionnell gastro-Spullmaschin, mee och do ass den Dréchnungsprozess problematesch.

Et ass also sënnvoll, datt sech eng Rei Akteuren zesummeschleissen, fir gemeinsam eng Waschanlag ze bedräiwen, sou datt den Transport minimiséiert gët an net eng héich Masse critique muss gi sin, fir datt den Transport sech lount.

Wat den Asaz vun sou Becheren a Gliéser eben attraktiv an ökologesch sënnvoll mécht, ass engersäits d’Tatsach, datt se laut Hiersteller bis zu 500 mol, an der Praxis awer bis zu 1000 mol benotzt kënne gin. Anersäits awer och, datt kee Risiko vu Schiérbele gët, datt et ëmmer méi Formater, bis hin zum Wäin- oder Schampessglas gët.

Natiirlech mëcht dat Ganzt nëmme Sënn, wann di Becheren exklusiv, also net nierft der Alternativ vum Papp- oder Wegwerf-Plasikbecher verdeelt gin. An op der Basis vu Consigne oder Pfand, sou datt d’Leit motivéiert gin, se zréckzebréngen, wann se net wëllen een fir den Hausgebrauch oder als Souvenir mat heemzeschleefen. 

Den méi massiven Asaz vun esou Méiweebecheren ass zu Lëtzebuerg am Kulturjoer 2007 gestart gin. Demols goufen 30.000 Becheren mam bloën Hirsch aus Eisterräich geliwwert, déi op alle Manifestatiounen, déi den Hirsch-Logo haten, ugewandt gi sin. Wat heiensdo net geklappt huet, aller Anfang ist schwer. Tatsach ass, datt schons demols bei Fester mat 30.000 Leit déi Becheren flächendeckend am Asaz wuaren.

Dono sin se nach jorelang vun diversen Kulturhäiser, wéi d’Kufa oder d’Rotonde genotzt gin. Mëttlerweil huelen d’Firmaën déi ofgenotzten oder futtis Behälteren zréck a recycléierte se.

An anere Gemengen wéi z.B. Déifferdeng kënnt de Prinzip vun de Méiweebecheren voll an exklusiv zur Geltung. Do gouf dat agefouert, d’Veräiner goufen informéiert, sensibiliséiert an mat der néideger Logistik versuergt, fir kënnen mat dem System emzegoën an esou kuerzfristeg op Eeweebecheren ganz ze verzichten. Do husch et «c’est à prendre ou à laisser». No Informatiounen vum Emweltscheffen kann ech beriichten, datt déi Emstellung do ouni Problem iwwert d’Bühn gangen ass an nach kee Veräin dowéinst doheem bliwwen ass.

Natiirlech kënnt et méi demokratesch eriwwer, wann een jorelang mat de Veräiner diskutéiert, ob a firwat a wéi a firwat nët. Den Häer Manderscheid hat schons am Mäerz dëst Jor drops higewisen, datt zu Diddeleng bei verschiddene Veräiner sech d’Begeeschterung a Grenze gehal huet. Esou kann een natiirlech jorelang Décisiounen erausschieben. Ech hoffen, datt den Handlungsbedarf an deem Beräich nët nëmmen bei Gringen oder Youth for Climate allgemenge Bewosstsäinsstand ass, mee mëttlerweil och an der breeder Bevölkerung. Et diskutéiert jo och kee méi, ob een net awer op der lénker Stroossesäit däerft fueren oder bei Rout iwwert d’Strooss rennen.

Et ass schons kuriéiss, wann sech Diddeleng mat enger Initiativ « Plastikfräi Schoul » um Beispill vun der Schoul Däich bretzt, d’Kanner fläisseg an der zero waste Bewegung ënnerwee sin an di Erwuessen dogéint weiderhin mam schlechte Beispill viir gin.

D’Notzung vun emweltfrëndleche Materialen muss eng Selbsverständlechkeet gin, sin a bläiwen. D’autant plus, wou a ganz Europa an och zu Lëtzebuerg Beispiller weisen, datt et funktionéiert.

Mee wién soll hei responsabiliséiert gin? Sécherlech net d’KonsumentInnen, déi sech sollen décidéieren, ob se dann e normale Plastikbecher oder Mehrwegbecher wëllen, den se dann awer net zréckgi kënnen an hir Consigne eremkréien. Sou geschitt bei der Fête de la Musique 2019 zu Diddeleng.

Sécherlech och net d’Kulturresponsabel, déi schon all Hänn ze din hun, fir d’Programmatioun  iwwert d’Bühn ze kréien an net och nach sech em Bechere këmmere sollen. An déi nierwebäi bemiérkt am Backstage-Beräich schons mat emweltfrëndlechem Material schaffen.

Responsabiliséiert gin sollen fir d’éischt di politesch Responsabel am Schefferot, dofir eis Motioun un de Schefferot. An dono sollen déi Servicer beoptragt gin, déi um Terrain direkt dofir ausgesicht sin. An de meeschte Gemengen ass dat de Service Ecologique an/oder de Service des Fêtes. Vü datt et jo eng sëlleche Beispiller am In- an Ausland gin, wärt et jo dann keng Jorzéngten daueren, bis e konsequent an effizient Konzept den Akteuren um Terrain viirgeluet ka gin an schons séier kann emgesat gin.

An dem Sënn wiederhuelen ech nach eng Kéier di Hapt-Aktiounsfelder, déi an der Motioun opgefouert sin:

  • E flächendeckende Verzicht op Eeweeplastik an alle kommunale Strukturen, wéi Schoulen, Crèchen, Maisons relais, Verwaltungen, etc. anzeféieren,
  • Bei allen ëffentlechen Manifestatiounen, déi vun der Gemeng organiséiert oder vun der Gemeng finanziell oder logistesch ënnerstëtzt gin, d’Benotzen vun Eeweebehälteren ze verbidden an e flächendeckend an exklusivt Ugebuet vu Méiweebehälteren op Basis vu Pfand viirzeschräiwen,
  • En amont sech mat de Veräiner an Organisateuren ze concertéieren, fir datt se sech mat Zäit op déi Mesüren kënnen astellen,
  • E Plan d’action „zero waste“ opzestellen, dee mëttelfristeg  kloer Zieler a Mesüren definéiert, fir an alle Beräicher, wou d’Gemeng kann agräifen, dem Ziel vun engem niddregst méiglechen Niveau vun Offall méi no ze kommen, 
  • Eng intensiv Informatiounskampagne fir all Veranstalter vun Manifestatiounen, mee och fir all Bierger a Biergerinnen, z’organiséieren,
  • Bedelegung vun der Gemeng un enger regionaler Wäschanlag fir Méiwee-Becheren, déi fir d’Gemengen am Süden kéint installéiert gin an domat wäit Transporter reduzéiert, an d’A ze faassen an dementspriéchent Gespréicher mat den anere Südgemengen unzeregen.

 

Zum leschte Punkt nach kuerz: mäer un hei am Süden just eng interkommunal Struktur, déi all 11 Gemengen emfaasst an déi themeniwwergräifend Objektiver huet. Dat ass de Pro-Sud. An de Statuten vum Pro-Sud steet bei den Objektiver:

« d’initier, d’accompagner, de coordonner et de réaliser des initiatives, activités et projets, notamment à caractère innovateur, destinés à concrétiser l’approche régionale tant sur le plan national que dans un contexte transfrontalier, et quelque soit le promoteur de ces initiatives, activités et projets ».

Méi kloer kéint esou eng Initiativ net an d’Politik vum Pro-Sud passen. De Pro-Sud huet jo duerch déi 2 successiv Präsidenten nei Dynamik kritt, d’Bereetschaft fir Zesummenuarbescht gesäit elo besser aus. Ausserdem steet jo och d’Kulturhaptstadt Esch2022 virun der Diir, wou och viirgesinn ass, eng konsequent Charta mat den entspriéchende Moosnamen a Saachen emweltfrëndlech Manifestatiounen zum Droën ze bréngen. Et wär flott, wann e Projet vun enger Wäschanlag fir mindestens déi 11 Südgemengen bis dohi realiséiert wär.

Dat gesot hoffen ech, datt mär d’next Joër dëse Sujet definitiv net méi mussen op den Ordre du jour bréngen a mäer alleguer eisen immensen Duuscht am Kader vun der Erderwärmung kënnen mat guddem Gewëssen an enger effizienter ökologescher Approch läschen. Ech soën ierch merci!