"Grings aus dem Gemengerot" vum 9. Februar 2018

Publié le

Vun der Sitzung, déi insgesamt méi wéi 4½ Stonne gedauert huet ass hei e kuerze Resüme mat deene Punkten, déi mär interessant fanne fir weider ze ginn.

Ufangs si mer an der Korrespondenz gewuer ginn dass op der fréierer Affilux d’Gebai an enger „Nacht und Nebel“- Aktioun ouni Geneemegung vum Buergermeeschter ofgerappt gi woar. Et ass awer elo sécher dass Naturklassen dohi wäerte kommen an eng entspriechend Infrastruktur do enststoe soll.

Et si Parkplazen ausgewise ginn fir Elektroautoen opzetanken.

Diddeleng bedeelegt sech un engem Interesseverbund vun de politesche Verantwortlechen vun de Stadkären (Lëtzebuerg, Esch, Ettelbréck...), genannt : „Luxemburg for Shopping groupement d’intérêt économique“. Do soll de klengen a mëttlere Geschäftsleit gehollef ginn, z. Bsp. duerch eng Internetplattform.

Finanzen: De Plan Pluriannuel de Financement ass virgestallt ginn, deen en Iwwerbléck iwwert déi zukünfteg Finanzlag gëtt. An de Joren 2019 an 2020 si Rekordinvestitiounen iwert de Budget extraordinaire virgesinn. Do sinn dann och Anleihen vun 8 a 9,5 Millioune virgesinn. D’grouss Projeten sinn de shared space, d’Schoul Lénkeschléi , d’Butschebuerger Strooss, d’Gemengenatelieren an de Neibau vun Turnsall a klenger Schwemm Strutzbierg. Et ass erstaunlech dass de ganze Komplex Lénkeschléi 18 Mio kaschte soll an de Neibau vum Strutzbierg 12 Mio.

Verkéier: Et gëtt e Ruffbus agefouert fir Leit iwwer 60 Joer op Demand an Diddeleng ronderëm ze féieren. Et kann ee fir 60 € e Joresabo kafen oder eenzel Ticketen.

D’Joresabo fir den Diddelenger Citybus ass och endlech ze kréien : 50 € fir e ganzt Joer – also spottbëlleg.

D’Aféierung vun der Vignette fir de Leit aus dem Quartier Italien de Parking Tattebierg zougänglech ze maachen – ouni awer do Parking Residentiel anzeféieren - huet fir ugeregten Diskusiounen zwësche LSAP an CSV gesuergt. Wann am Quartier géif Parking Residentiel ageféiert ginn, da missten do och Parkplazen agezeechent ginn an dat „wëllt Parken“ misst bestroft ginn.

De Reamenagement vun der Kräizung rue du commerce/Zoufftger Strooss ass vum Bureau Schroeder virgestallt ginn. Zwar geet et an der 1. Phas ëm Infrastrukturaarbechten am Ënnerbau awer domat gëtt och de Verkéier an zwou Richtungen duerch d’rue du commerce agefouert. Dat ass dann d’Virbereedung op déi 2. Phas shared space ronderëm d’Kierch, déi 2019 soll ufänken. Et sollen intelligent Luuchten an d’Zoufftger Strooss an an d’rue du commerce kommen, fir de Verkéier Meeschter ze ginn.

Schoulhaff Gaffelt: Hei huet d’Gemeng en Terrain bäikaaft fir en Terrain Multisports als Annexe vum Schoulhaff funktionnéieren ze loossen. De Schoulhaff gëtt och richteg flott amenagéiert.

Motioun Déi Lénk fir e “Conseil de Recrutement“: Als déi gréng hu mer aus Prinzip an als Eenzeg mat fir déi Motioun gestëmmt. Sou eng Kommissioun bei der Astellung vun neie Mattaarbechter op der Gemeng sollt duerch e Member vun der Oppsitoun méi Transparenz an d’Astellungsgespréicher vun der Gemeng bréngen.

Fro zum behënnertegerechten Agang vum Centre Culturel (Sylvie Andrich): De Lift hannert dem Gebai gëtt zwar esou genotzt....awer am Prinzip ass déi Ramp oder schifen Zougang, déi vun der Liberatiounsstrooss eropféiert, den offiziellen Agang fir net mobil Leit.

Fro vun de gringe Conseilleren zum participative Prozess CFL

An der leschter Legislaturperiod hat den Diddelenger Gemengerot eestëmmeg eng Resolutioun gestëmmt, fir d‘ Fro vun der Suppressioun vun de Barrièren zugonschte vun engem erhéichten Takt vun den Zuchverbindungen ab an op Diddeleng an engem breet ugeluechte participativen Diskussiounsprozess ze verdéiwen.

Och an der Schäfferotserklärung ass déi Determinatioun bekräftegt ginn.

An deem Zesummenhang wollte mir folgend Froe stellen:

  • Si scho Virbereedunge getraff ginn, fir de genannte participative Prozess, zesumme mam MDDI, an engem räsonabelen Délai ze organiséieren?
  • Steet an deem Fall just déi Variant vun der Suppressioun vun de Barrièren, déi mat schwéieren Agrëffer an d’urbanistesch Substanz vun der Stad verbonne wier, déi awer vun der CFL a vum MDDI bevirzugt gëtt, zur Diskussioun? Oder ginn och nach aner Varianten, wéi dee vu verschiddene Säite propagéierten Train-Tram oder d’Beibehalung vun de Barrièren bei bestohendem Zuchsmaterial berücksichtegt?
  • Wéi sollen Transparenz a virun allem d’Pluralitéit vun der Dokumentatioun, z.B. duerch verschidde fachlech Avisen, garantéiert ginn?
  • Ginn all d’Parteien am Gemengerot an och d’Zivilgesellschaft an d‘Preparatioun an an d‘ Duerchféierung agebonnen?

A senger Äntwert ass de Buergermeeschter enger Meenung mat de Gringen, datt den participative Prozess net alleng iwwert de Jo oder de Nee zu der Variante vun der CFL goe wäert (Direkt Zich all 15‘, awer Suppressioun vun de Barrièren a gréisser Ënner/Iwwerféierungen), mee och déi aner Variant vum Train-Tram mat Ëmsteigen zu Beetebuerg, ouni grouss Agrëff an d’urban Substanz, misst als Alternativ mat um Dësch leien.

Wat d’Duerchféierung vun dem Prozess betrëfft, bleift den Här Biancalana relativ vague a verséchert, datt seng Servicer am Gaang sinn, d’Virbereedunge mat Experten an d’Wee ze leeden. Et därf een also weider wuarden a gespaant sinn.

Romaine Goergen & Robert Garcia

Romaine Goergen Robert Garcia