ELO INFRASTRUKTUREN FIR DE VËLO PLANGEN A REALISÉIEREN!

Publié le

Iech ass et bestëmmt och schonns opgefall, dass an a ronderëm Diddeleng de Moment méi Leit mam Vëlo, eleng oder an der Famill, ënnerwee sinn. Vill Leit entdecke grad de Vëlo als e praktescht, effikasst a flott Transportmëttel.

Mat séchere Vëlosweeër kéinten dës gutt Gewunnechten ausgebaut ginn an och an Zukunft bäibehale ginn. Domadder géif och eppes gemaach gi fir d’Gesondheet vun alle Bierger, fir Reduzéierung vum motoriséierte Verkéier a fir de Klimaschutz.

Dofir fuerdere mir Diddeleng gréng, dass d’Gemengeresponsabel elo Mesuren ergräifen, fir déi aktiv Mobilitéit méi sécher, méi attraktiv a méi visibel ze gestalten.

Mir géifen et och begréissen, wann temporär Vëlosweeër op de méi eidele Stroossen géifen ageriicht ginn, wou et sënnvoll a méiglech ass (wéi dat och an anere Stied elo erfollegräich gemaach gouf).

Da kënnen och an Zukunft Kanner, Jonker an Erwuessener sécher a gär mat Vëlo, Trottinette, Skateboard oder zu Fouss ënnerwee sinn.