Eclat am Diddelenger Gemengerot bei der Interpellatioun iwwer Méiweebecheren (08.07.2019)

Publié le

Eclat am Diddelenger Gemengerot
bei der Interpellatioun iwwer Méiweebecheren
vu Romy Goergen a Robert Garcia (déi gréng) 
 
08.07.2019
 
Et war alles op Konsens ausgeluecht: net nëmmen an der Oppositioun gouf et e Malaise doriwwer, wéi bei der leschter Fête de la Musique de Catering vu Gedrénks vun de bedeelegte Veräiner gehandhaabt gouf. Et goufen zwar punktuell e puer vun de Méiweebechere vun der Gemeng ausgedeelt, mee fir de Präis vun 2 Euro an ouni d’Méiglechkeet, se zréckzeginn an de Vidange rembourséiert ze kréien. Donieft goufen Eeweebecheren aus Plastik a gogo verdeelt, wat zu engem fatzegen Offallbierg gefouert huet. Alles wéi fréier, wäit vum «Zero waste» ewech!
 
Aus deem Gronn hunn déi gréng den 8. Juli am Gemengerot eng Interpellatioun gemaach an eng Motioun deposéiert, déi de Schäfferot opfuerdert, e Konzept fir Groussveranstaltungen ze fixéieren, dat op der Basis vu Méiweebechere mat Vidange zukünfteg esou Offallbierger vermeide kéint. Dat ëmsou méi, wéi d’Gemeng eegenen Aussoe no zanter fënnef Joer net manner wéi 30.000 esou Bechere stockéiert.
 
Eigentlech hat sech d’ganz Oppositioun erwaart, datt déi Motioun, déi schonns e puer Deeg virdrun un de Gemengerot verschéckt gouf, unanime, mat eventuellen Ännerungsvirschléi vum Schäfferot, ugeholl géif ginn, wéi dat schonns an der Vergaangenheet geschitt ass. Esou hätt kéinten en däitlecht Signal a Richtung Konsens vun alle Bedeelegte gesat ginn, wéi et an anere Gemenge schonns de Fall ass, a wou guer net méi iwwert de Prinzip vu Méiweebehälteren diskutéiert gëtt, mee se bei alle Manifestatiounen am Asaz sinn.
 
Zum allgemengen Erstaunen huet dunn den zoustännege Schäffe gemengt, de Schäfferot wier zwar mat allem averstan, géif awer léiwer d’Motioun un déi (nëmme consultativ) Ëmweltkommissioun verweisen, fir datt se do géing diskutéiert an ausgebaut ginn. Den Interpellant huet dogéint gehal, et soll een elo Neel mat Käpp maachen. Hien war och bereet, en Zousaz vun der Majoritéit an d’Motioun anzebauen, awer net averstan d’Motioun an eng Kommissioun ouni Decisiounskraaft ze verlageren. Doropshi koum et zu engem generelle Scharmützel, wou och di aner Oppositiounsparteien sech de Gréngen ugeschloss hunn. Wéi dunn de Buergermeeschter gemengt huet, di Gréng wéilten hir Profilsucht virun den Inhalt an deem Dossier stellen, koum et schlussendlech, no der «Hilarité générale», zum Vote. Hei huet d’Majoritéit sech dunn e fatzege Selbstgol geleescht an aus taktesche Grënn géint eppes gestëmmt, wou se just virdrun deklaréiert haten, si wieren domat d’accord.
 
Tjee, esou kann ee sech – negativ allerdéngs – och profiléieren. Ze hoffen ass, datt et trotzdeem net esou mam Eeweeplastik wéi bei der Fête de la Musique weidergeet, an datt d’Gemeng d’Asiicht gewënnt, eventuelle Resistenzen zum Trotz, kloer Direktive fir d’Méiweebehälter gëtt, un déi sech all Bedeelegt hale mussen, wéi dat mëttlerweil Usus ass.
 
Déi gréng Diddeleng
 
Kuckt och hei: